Oolith (gr. ωόν - Ee an λίθος - Steen) ass e Sedimentgestengs, dat aus klenge Mineralkigelcher (déi sougenannt Ooiden) besteet, déi duerch e kallek- oder tounhaltegen Zement matenee verbonne sinn. D'Ooide bestinn normalerweis aus Kallek oder aus Eisenhydroxid oder Kiselsaier. Si hunn an der Reegel en Duerchmiesser vun 0,5 bis 2 Millimeter.

Oolithescht Eisenäerz aus Loutréngen

Ooiden entstinn a waarmem, kallekiwwersiedegtem Waasser mat staarker Wellebeweegung. Ausgankspunkt vun der Ooidebildung si kleng Partikele wéi z. B. Sandkären oder Fragmenter vu Muschelschuelen, déi duerch d'Wellebeweegung an der Schwief gehale ginn, a ronderëm déi sech duerch cheemesch Precipitatioun Kallek an heiansdo och Eisen a konzentresche renge Couchen oflagert, bis datt d'Kigelcher ze schwéier ginn an op de Mieresbuedem erofsenken, wou se sedimentéieren.

D'Minett ass en oolithescht Eisenäerz.