One Piece (op Japanesch: ワンピース) ass eng japanesch Manga-Serie, déi vum Eiichiro Oda geschriwwen a gezeechent gëtt. Si gëtt zënter dem 22. Juli 1997 reegelméisseg an der Rei Weekly Shōnen Jump verëffentlecht.

Logo vum Anime One Piece

1998 gouf One Piece an eng Original Video Animation adaptéiert (d. h. nëmme fir de Videokassettemarché, net fir d'Televisioun), an zënter 1999 gëtt en och als Anime-Serie fir d'Televisioun gewisen. D'Serie gëtt nach ëmmer produzéiert; bis elo (Januar 2015) si 678 Folge gelaf. Zousätzlech goufen 13 animéiert Filmer a vill Merchandisingmaterial produzéiert.

De Manga krut wéinst senger Zeechentechnik, senger Charakterisatioun, sengem Humor a senger Geschichte vill gutt Kriticken. Verschidde Bänn hu Verkaafsrekorder gebrach. 2017 waren iwwer 416 Millioune Bänn verkaaft, wat One Piece zur meeschtverkaafter Mangaserie an der Geschicht mëscht.

Resümmee vun der Handlung änneren

 
D'Welt, an där One Peace spillt

De Monkey D. Ruffy ass e jonke Mann, dee säi Kierper wéi Gummi deene kann zënter datt e vun enger sougenannter Däiwelsfruucht, der Gum-Gum-Fruucht, giess huet. Mat senger Mannschaft (déi sougenannt Stréihutt-Band, kuckt méi ënnen) vu Piraten, der Stréihutt-Band, erfuerscht de Ruffy den Ozean op der Sich no der Welt hirem gréisste Schatz, "One Piece" genannt, fir den nächste Piratekinnek ze ginn. De "One Peace" ass vum Piratekinnek Gol D. Roger iergendwou op der Welt verstoppt ginn, nodeem hien als eenzege mat senger Mannschaft d'Insel Unikon, déi lescht Insel vun der Grand Line, erreecht hat. D'Grand Line ass e Mier, dat vun de Calm Belts agegrenzt gëtt an eigentlech nëmmen iwwer de Reverse Mountain z'erreechen ass. Mä d'Marine, Gesetzeshidder, hunn ee Wee fonnt fir iwwer de Calm Belt ze goen, well de Problem deen ass, datt de Calm Belt mat gigantesche Séikinneke bevëlkert ass. Am Laf vun der Geschicht fënnt de Ruffy nei Frënn, mat deenen hien d'Grand Line bezwéngt.

Stréihutt-Band änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Déi Stréimännche Band besteet aktuell aus zéng Memberen. Se gouf ufanks vum Ruffy a vum Zorro gegrënnt. Op hiren Abenteur am East Blue si se op d'Nami, de Lysop an de Sanji gestouss. Zu fënnef si si dunn duerch d'Grandline geseegelt, an Chopper, Robin, Frankie a Brook koumen dozou. Den Jimbei gouf en Deel vun der Band wéi se duerch d'New World geseegelt sinn.

Monkey D. Luffy änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Monkey D. Luffy.

Lorenor Zorro änneren

De Lorenor Zorro ass den éischte Crewmember Ruffy konnt op senger Rees fir seng Ekipp gewannen. Hien huet den Dram fir de beschte Schwertman op der Welt ze ginn. Hien trainéiert schwéier fir et a kämpft mat 3 Schwäerter. All 3 Schwäerter hunn eng gewësse Vergaangenheet a si schwéier ze kréien. Den Zorro huet e Schnëtt op sengem lénksen Aen an hält säin Ae zou.

Nami änneren

D'Nami ass Navigatorin a Kartografin vun der Bande. Ihren Zil ass, eemol déi beschte Kartografin ze ginn a vill Kaarten ze kreéieren. Nami ass mat der Bande gestouss wéi de Ruffy den Arlong besiegt huet. Nami benotzt en Wetterstab fie ze kämpfen den Reen, Waasser, Donner a Wand generéiere kann. Wéi déi aner Membere, hat d'Nami och eng schwiereg Kandheet. Si gouf am Bësch verlooss an ass vum Bellemere fonnt a erzu ginn. Bis de Moment wou Arlong [1] de Bellemere [2] ëmbruecht huet.

Sanji änneren

ji ass de Kach vun der Pirate Crew. Ier de Sanji mat der Crew bäikomm ass, war hien e Kach an engem Restaurant. Seng Kachkompetenzen suergen dofir datt d'Membere ganz gutt a virun allem sech voll fillen. Hie kämpft mat senge Been a mécht vill Kicks a Wendungen, dofir säin Numm, Schwarzfuß Sanja. Säi groussen Dram ass den Allblue[3] ze fannen, wou et vill onentdeckt Fësch souwéi aner Kreaturen ginn. De Sanji säi Problem ass datt hie fraen iwwer alles gär huet an alles fir Frae géif maachen. Hie géiff säin eegent Liewe fir Fraen offéieren.

Lysop änneren

De Lysop trëtt mat der Stréimännchen Band am Alter vu 17 an zielt fir wéi säi Papp ee vun de beschte Schéisser ze ginn. Säi Papp ass e Schéisser dee fir Shanks schafft an dowéinst de Lysop a seng Fra verlooss huet wéi de Lysop kleng war. Lysop kämpft mat enger Schléider a benotzt als Munitioun, Planzekären, a Bounen, déi, ofhängeg vun hire Charakteristiken, verschidden Eegenschaften hunn an de Feind op bestëmmte Weeër wéckelen an iwwerlaaschten.

Nico Robin änneren

Den Nico Robin ass en Archeolog an huet aus der Flora-Flora-Fruch giess wat heescht datt hatt hir Kierperdeeler iergendwou a senger Siicht wuesse loosse kann. Den Nico Robin ass dat eenzegt wou de Rio-Porneglyph[4] entschlëssele kann an hiert Zil ass all d'Album vum Rio-Porneglyph ze fannen an ze entzifferen.Virun der Crew vum Ruffy, war si schonn als Pirat op der Crew vum Sir Crocodile.[5]

Tony Chopper änneren

Chopper ass e Rentier an de Schéffsdokter vun der Stréihut Gang. Hien huet eemol vun der mensch-mensch-Frucht giess, wat him eng Zuel vu mënschleche Qualitéite ginn huet, sou wéi logesch Denken, op zwee Been spadséieren a souguer d'Fäegkeet ze schwätzen. Säin Dram ass eng Medezin ze fannen déi géint all Krankheete wierkt. Choppers speziell Feature ass datt et an aner Déierforme transforméiere kann. Sou kann hie sech un d'Situatioun an d'Géigner upassen.

Franky änneren

Franky, ass de Schräiner vun der Stréimännche Band a war eemol de Chef vun enger Verschrottungsgrupp. Hien ass viru vill Jore vu sengen Elteren op héijt Mierer entlosst ginn a gouf vum beschte Schëffsbauer an der Welt, a sengem spéideren Virbild, fonnt an opgewuess. Zesumme mat him hun sie verschidde Schëffer gebaut bis de Weltgouverneur vun der Weltregierung hieen beschëllegt an higeriicht hued fir de Bau vun der Oro Jackson, dem Gol D. Rogers Schëff. De Franky huet probéiert den Tom[6] ze retten, gouf awer iwwerrannt an huet missen zu enger Cyborg transforméiere wéinst de schwéiere Verletzungen. Hien integréiert vill Waffen a sengem lénksen Aarm. Säin Dram ass mat sengem Dram Schëff, der Thousand Sunny, ronderëm d'Welt ze seegelen.

Brook änneren

De Brook ass e liewegt Skelett a Ruffy wollt hien, wéinst senger exotescher Natur, direkt a senger Ekipp. De Brook ass de Museker vun der Crew a war virdrun e Member vun enger anerer Pirate Crew. Wéi och ëmmer, hien huet eng Däiwels Fruucht geiess, déi seng Séil onstierflech gemaach huet an no sengem Doud huet et Joer gedauert fir säi Kierper ze fannen an den war am Endeffekt nëmmen als Skelett nach do. Dem Brook säin Dram ass e Wal ze gesinn, dee méi wéi 50 Joer op hie waart.

Jinbei änneren

De Jinbei ass e Fëschmann an e fréiere Samurai vun de Mierer. Hien huet spéider säin Titel verworf an huet d'Allianz mat der Big Mom[7] gebrach fir endlech Member vum Ruffy Team ze ginn. De Ruffy an de Jinbei hunn eng enk Frëndschaft an de Jimbei huet dem Ruffy vill gehollef andeems hie spéider vun der Séischluecht gerett huet a souguer Blutt gespent huet, wat bei de Fëschmänner verbueden ass. De Jinbei kämpft mat der Fëschmenschen-Karate-Technik.

Weltregierung änneren

Marine änneren

Marine ass de militäreschen Deel vun der Weltregierung, deen op d'Mier oppasst. Den Haaptquartéier, Marineford, läit op der Gand-Line.

  • Groussadmirol
Sengoku (zeréckgetrueden)
  • Admirolen
Sakazuki (alias Akainu, rouden Hond)
Borsalino (alias Kizaru,gielen Af)
Kuzan (alias Aokiji,bloe Fasan)
  • Vizeadmirolen
Tsuru
John Giant
Komir
Momonga
Strawberry
Yamakaji
Doberman
Onigumo
Lacroix
Ronse
Dalmatian
Kaizeruhige
Monkey D. Garp (zeréckgetrueden)
Jaguar D. Saul (gestuerwen)

Shichibukai änneren

Shichibukai(7 Samuraie vum Mier) sinn déi 7 staarkst a bekanntst Piraten, déi sech mat der Weltregierung alliéiert hunn.

  • Samurai Mihawk „Falkenauge“
  • Cyborg Bartholomäus Bär
  • Fëschmënsch Jimbei
  • Don Quichotte de Flamingo
  • Gecko Moria
  • Sir Crocodile (ofgesat),Chef vu Baroque-Firma
  • Boa Hankock, Piratenkaiserin an Herrscherin vu Amazon Lily
  • Blackbeard

Film Adaptatioun änneren

Bis elo gëtt et zéng Filmer woubäi den zéngte bis elo eréischt an de japanesche Kinoen erauskoum.

Um Spaweck änneren

Commons: One Piece – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Arlong. One Piece Wiki. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  2. Bellemere – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  3. Die Welt – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  4. Porneglyph – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  5. Sir Crocodile – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  6. Tom (Fischmensch) – OPwiki - Das Wiki für One Piece. opwiki.org. Gekuckt de(n) 2019-11-24.
  7. Charlotte Linlin. One Piece Wiki. Gekuckt de(n) 2019-11-24.