Olympesch Wanterspiller 1928
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Olympesch Wanterspiller 1928 oder II. Olympesch Wanterspiller goufe vum 11. bis den 19. Februar 1928 zu Sankt-Moritz an der Schwäiz ofgehalen.
II. Olympesch Wanterspiller | |
---|---|
Land | Schwäiz |
Ufanksdatum | 11. Februar 1928 |
Schlussdatum | 19. Februar 1928 |
opgemaach vum/vun der | Edmund Schulthess |
Olympeschen Eed | Hans Eidenbenz |
Ekippen | 25 |
Athleeten | 464 |
Spiller virdrun | Olympesch Wanterspiller 1924 |
Spiller duerno | Olympesch Wanterspiller 1932 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/st-moritz-1928 |
Et waren déi éischt onofhängeg Wanterspiller déi net a Verbindung mat Summerspiller ofgehale goufen. Déi vireg Wanterspiller (1924 zu Chamonix) si vum Internationalen Olympesche Kommiteee (IOK) eréischt méi spéit, retroaktiv, zu Olympesche Wanterspiller erkläert ginn; se waren am Fong en Deel vun de Paräisser Summerspiller 1924.
Participanten änneren
Et hu 464 Athleeten aus 25 Natiounen um Tournoi deelgeholl.
Lëtzebuerg änneren
Lëtzebuerg war mat fënnef Athleeten zu Sankt-Moritz vertrueden.
Männlech Participante vu Lëtzebuerg | |||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Sportart | Athleet | Disziplin | Zäit | 1. Laf | 2. Laf | Plaz | Bemierkung | ||
Bobsport | Marc Schoetter
Raoul Weckbecker Willy Heldenstein Pierre Kaempff Auguste Hilbert |
5er-Bob | 3:32,7 | 1:45,8
(20) |
1:46,9
(19) |
20 | Reserviste waren den A. Pfeiffer an de J. Michels |
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: 1928 Winter Olympics – Biller, Videoen oder Audiodateien |