Olivierzalot (russ. "Салат Оливье") ass en Zaloteplat aus Russland, deen och an allen anere Länner vum fréieren Ostblock populär ass. Den Numm dréit en zu Éiere vum Kichechef Lucien Olivier, deen d'Zalot an den 1860er Joren zu Moskau erfonnt huet. Hautdesdaags gehéiert se traditionell zum festlechen Neijoerschiessen, a se besteet aus gekachte Gromperen, Eeër, Geméis a gekachter Wurscht, déi mat Mayonnaise ugemaach sinn.

Olivierzalot (Standard Sowjetrezept)

Geschicht änneren

D'Originalversioun vun der Zalot gouf vum Franko-Belsch Lucien Olivier Mëtt der 1860er Joren am zaristesche Russland kreéiert, wéi dee Chef am Moskauer Spezialitéiterestaurant "Ermitage" ("Эрмитаж") war. Dem Olivier seng Zalot ass ganz séier immens beléift gi bei senge Stämmgäscht, an huet sech praktesch zur Signatur vum Restaurant entwéckelt.

Dat geneet Rezept war dem Olivier säi Geheechnes, absënns dat vun der Dressingzooss, déi un eng Zort haiteg Mayonnaise erënnert huet.

Um Enn vum 19. Joerhonnert huet dem Olivier säi Sous-Chef, den Iwan Iwanow, versicht d'Rezept ze klauen. Hien ass du bei de Restaurant "Moskva" als Chef gewiesselt, wou en eng bal d'selwecht Zalot ënner dem Numm "Haaptstadzalot" ("Столичный") ugebueden huet. D'Gourmeten aus där Zäit hunn awer kritiséiert, datt beim Dressing vum Iwanow iergendeppes gefeelt huet, wat seng Zalot net op déi héich Stuf vum Olivier senger erukomme gelooss huet.

Spéider huet den Iwanow säi Rezept u verschidden Editeure verkaaft, wat weider zu senger Verbreedung bäigedroen huet. Wéi den Ermitage Restaurant 1917 seng Dieren zougemaach huet an dem Olivier seng Famill dowéinst aus Russland fortgeplënnert ass, konnt d'Zalot him zu Éieren als "Olivier" bezeechent ginn.

Ingredienten änneren

Originalrezept änneren

Dat ursprénglecht Rezept konnt ni mat Sécherheet rekonstruéiert ginn, et gëtt awer mëttlerweil ugeholl, datt vun eventuelle saisonale Variatiounen emol ofgesinn, d'Zesummesetzung déi heite war: 2 Bëschhénger, eng gekachte Kallefszong, e Véierelspond schwaarze Kaviar, en halleft Pond frësch Blatzalot, 25 gekachte Flosskriibsschwänz, eng hallef Dous Pikuli (gesaiert Geméismëschung), eng hallef Dous Sojaboune "Kabul", zwou frësch kleng Kornischongen, e Véierelspond Kaperen, 5 haartgekachten Eeër, an als Zooss eng Mayonnaise gemaach aus franséischem Esseg, 2 Eeër an engem hallwe Liter Olivenueleg aus der Provence.

Sowjetrezept änneren

An der sowjetescher Zäit ass d'Rezept vun der Olivierzalot e puermol verännert ginn. Original Ingrediente goufen ëmmer méi mat aneren, déi méi bëlleg a méi liicht ze beschafe waren, ersat. Schlussendlech besteet eng sowjetesch Olivierzalot standardméisseg aus dëse sechs Ingredienten:

Alles gëtt a kleng Wierfele geschnidden, gutt gemëscht, an d'Mayonnaise iwwer Nuecht am Frigo dranzéie gelooss.

Well d'Zalot sou einfach ze preparéieren ass, an een all d'Ingrediente gutt ze kafen kritt, och an absënns an der Wanterzäit, gouf d'Olivierzalot ausseruerdentlech beléift an de sowjetesche Joren. E Festiesse fir de 7. November oder den Neijoerschdag ouni Olivierzalot als Entrée war an ass och haut nach ëmmer ondenkbar.

Méi modern Variatioune sinn am Laf vun de Joren derbäikomm, soudatt een haut och Olivierzalot mat gekachte Wuerzelen, gekachtem Rëndfleesch amplaz Lyoner, oder souguer mat Äppel gesi kann.

An enger Tabell gesäit ee wéi d'Ingrediente vum virrevolutionären a vum sowjetesche Rezept iwwereneestëmmen:

"Virrevolutionäert"
Rezept
"Sowjetescht"
Rezept
Bëschhong gekacht Wurscht
Flosskriibsen haartgekacht Eeër
frësch Kornischongen ageluecht sauer Kornischongen
Oliven a Kaperen Ierbessen

Auslännesch Varianten änneren

 
Spuenesch Ensalada Rusa

D'Zalot ass och populär a Bulgarien, Serbien an an Nordmazedonien, wou se "Russesch Zalot" ("руска салата"/ruska salata) genannt gëtt. Déi bulgaresch Versioun besteet normalerweis aus Gromperen, Muerten, Ierbessen, sauere Kornischongen a Salami oder Ham.

A Griicheland fënnt een d'Zalot praktesch an all Restaurant op der Menüskaart. Si enthält do awer gemenkerhand kee Fleesch.

Si ass och ganz verbreet am Iran, wou se fir gewéinlech mat Gromperen, Eeër, Muerten, Ierbessen, sauere Kornischongen, Poulet a Mayonnaise gemaach gëtt, an dacks als Fëllung fir Sandwiche geholl gëtt.

De Spuenier schmaacht se grad sou, si iesse se als Tapas ensaladilla rusa, an enger Variant mat Gromperen, Eeër, Muerten, Ierbessen, gréngen Oliven, roude Paprikasträifen, Thon a Mayonnaise.

Um Spaweck änneren