En Okular ass deen Deel vun engem optesche System, dee benotzt gëtt fir mam A (laténgesch oculus) an de System ze kucken. Sou optesch Systemer kënnen zum Beispill Spektiven, Kameraen, Refrakteren, Teleskoper oder Liichtmikroskope sinn. En Okular besteet dobäi aus enger eenzeler Lëns oder aus engem Lënsesystem.

E Plössl-Okular 32 mm

D'Funktioun vum Okular ass et, e Bild beim Observateur ze maachen. Déi uewe genannt optesch Systemer maachen ouni Okular e reellt Bild um Fokalplang, dat reellt Bild ka bei elektronesche Sicher awer och direkt visuell op engem klenge Bildschierm gekuckt sinn. D'Optik vum Okular projezéiert an Zesummenaarbecht mat der Optik vum A dat Bild op d'Netzhaut.

D'Austrëttspupill (AP) vun engem optesche System muss op d'Antrëttspupill (EP) vum A ofgestëmmt sinn. Idealerweis ass hir Gréisst net méi grouss wéi déi vun der Antrëttspupill. Soss gëtt Liicht verschenkt, well de Liichtbëndel nëmmen deelweis an d'A kënnt. Ausserdeem sollt d'Austrëttspupilleschnëttwäit (den Aenofstand) vum Okular grouss genuch sinn, datt d'Aepupill op där Plaz positionéiert ka ginn. Eeler Okularkonstruktiounen erlabe keng komplett Upassung un d'A. Entweeder louch d'Austrëttspupill ze no hanner der leschter Lëns, soudatt si fir Brëllendréier ongeeegent waren oder si hu keng ganz Faarfkorrektur gemaach. Fest agebaut Okularen erlaben dacks en Dioptrienausgläich.

Bestanddeeler änneren

Aemuschel änneren

Déi meescht Okularen hunn op der Kant vun der Aesäit e Gummirank, deen dacks och zeréckgeklappt ka ginn. Hien huet zwéin Zwecker: E verhënnert d'Andrénge vu Streeliicht, dat d'Observatioun stéiert an et hëlleft duerch seng Beréierung de Kapp roueg ze halen. Deelweis sinn dës Aemuschelen asymmetresch ausgefouert, fir déi baussenzeg Säit vum A nach besser virum Streeliicht ze schützen.

Feldblend änneren

D'Feldblend vun engem Okular läit um Brennniveau vum Objektiv a begrenzt domat dat visuellt Gesiichtsfeld. Bei einfachen Okularbauformen ass d'Feldblend als Rank an der Okularsteckhüls a (vum Objektiv aus gesinn) virun de Lënse vum Okular ze gesinn. Wann d'Feldblend vun engem Okular ewechgeholl gëtt, ka sech dat visuellt Gesiichtsfeld vergréisseren. De Rand vum vergréisserte Gesiichtsfeld gëtt dann allerdéngs duerch d'Vignettéierung ofgedonkelt a ka meeschtens net méi schaarf begrenzt sinn. Fir bei am Verhältnes zum Steckduerchmiesser vu laangbrennwäitegen Okulare dat maximaalt Gesiichtsfeld z'erreechen, gëtt d'Feldblend geleeëentlech vum Fabrikant ewechgelooss an d'Steckhüls als Feldblend gebraucht.

Déi maximal Gréisst vun der Feldblend ergëtt sech aus der Steckmooss minus der duebeler Materialdéckt vun der Steckhüls.

Filtergewënn änneren

Op der Feldsäit vu bal allen Okularen an de Gréissten 1,25 an 2 Zoll ass op der bannenzeger Säit um viischten Enn vun der Steckhüls e Filtergewënn, dat Filteradapteren ophuele kann. Do kann och eng Barlow-Lëns ouni hir hënnescht teckhülse ageschrauft ginn. Dat verklengert de Verlängerungsfaktor vun der Brennwäit, well den Ofstand zum Okular elo vill manner ass wéi virgesinn. Sou kann ee mat der Feldlëns vun enger Barlow mat zweefacher Vergréisserung e Faktor vun zirka 1,4-fach erreechen.

Well et awer kee wierkleche Standard am Gewënnduerchmiesser a méi nach an der Gewënnsteigung gëtt, kann et heiansdo passéieren, datt e Filter oder aner Zousätz net passen oder sech nëmmen zirka 1 bis 2 Ëmdréiunge wäit opschrauwe loossen.

Steckhüls änneren

D'Steckhüls ass de feldsäitegen, viischten Deel vum Okular. D'Steckhüls verschwënnt idealerweis vollstänneg am Okularauszuch a gëtt do vun enger oder zwou Schrauwen oder vun engem Klemmrank gehalen. Déi baussenzeg Säit vun der Steckhüls ass glat, fir en Austausch vum Okular z'erméiglechen. Déi bannenzeg Säit dogéint ass express rau. Se huet dacks en duerchgängegt Filtergewënn an ass mat matter schwaarzer Faarf ofgedonkelt. Béid Moossname verréngern d'Streeliicht dat ëmmer entsteet.

Brennwäit a Vergréisserung änneren

D'Brennwäit vum Okular ass a Millimeter uginn a bestëmmt zesummen mat der Brennwäit vum Objektiv d'Vergréisserung vum opteschen Instrument, an deem et gebraucht gëtt (wat méi kleng d'Brennwäit, ëmsou méi héich ass d'Vergréisserung). Huet en Teleskop zum Beispill eng Brennwäit vun 2000 mm an en Okular vun 20 mm, sou ergëtt sech eng Vergréisserung vun 100x (eenhonnertfach). Fir d'Vergréisserungsberechnung ergëtt sech dës Formel:

 

Mat  Vergréisserung an   an d'Objektiv- an   d'Okularbrennwäit.

Ass d'Brennwäit net bekannt, well z. B. keng Donnéeën um Okular ze fanne sinn, ka s'erausfonnt ginn. Et brauch een dofir:

  • d'Antrëttspupill   vum Instrument. Bei Teleskopen ass dat de fräie Duerchmiesser vun der Frontlëns respektiv vum Haaptspigel.
  • D'Austrëttspupill   (Moosse vun der AP)
  • an d'Brennwäit   vum Instrument.

All Donnéeën an der selwechter Längteneenheet, normal si Millimeter.

 

Richtegt Gesiichtsfeld respektiv Gesiichtsfeldzuel änneren

Aus dem Duerchmiesser d vun der Feldblend an der Brennwäit f vum Teleskop kann dat richtegt Gesiichtsfeld vun enger Teleskop-Okular-Kombinatioun, also den Ausschnëtt um Himmel, einfach berechent ginn:

 

Bei Huygens- a Mittenzwey-Okulare gëllt d'Formel net, well virun der Feldblend eng Optik läit, dat d'Bild, wat duerch d'Teleskopoptik entworf gouf, an der Gréisst verännert.

An der Liichtmikroskopie gëtt d'Gréisst vum observéierte Beräich mat der Gesiichtsfeldzuel uginn.

Visuellt Gesiichtsfeld änneren

Dat visuellt Gesiichtsfeld bestëmmt, wéi "tunnelaarteg" de Bléck duerch dat optescht Instrument ass. D'Gesiichtsfeld gëtt a Wénkelgrad uginn. E grousst Gesiichtsfeld léisst den Observateur schäinbar méi déif an d'Bild andrengen, well et um Rand Objete ofbilt, déi bei engem klengere Gesiichtsfeld ofgeschnidde wieren. Ab engem Gesiichtsfeld vun zirka 60° schwätzt ee vun engem Wäitwénkelokular. Am Ament sinn fir Amateur-Teleskope Okulare mat Gesiichtsfelder vun 30° bis 110° ze kréien.

Wéi fir dat richtegt Gesiichtsfeld gëllt och hei.   Dobäi ass F d'Brennwäit vum Okular.

Dat schäinbart Gesiichtsfeld vum Okular kann net sou einfach berechent ginn, well virun allem modern Wäitwénkel-Okularkonstruktiounen zum Rand hin eng staark Verzeechnung hunn. Bei dëse Bauforme ass d'Feldblend vum Okular dacks am Kär tëscht de Lënsen. Wann een d'Verzeechnung net berücksichtegt, gëllt (no Opléisung vun den Equatioune fir sGF a wGF):

 

 
Barlow-Element um Okular

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Okular – Biller, Videoen oder Audiodateien