Den Okeanos ass ee vun den zwielef Titanen. Ursprénglech verkierpert hien de Stroum deen d'Äerdscheif ëmfléisst an deen zwar a Verbindung mat deenen anere Flëss a Mierer steet, mä trotzdeem vun hinne getrennt ass. Eréischt méi spéit ass den Okeanos zur Bezeechnung fir d'Weltmierer ginn (Ozean).

Dem Okeanos säi Kapp op engem Mosaik

Den Okeanos war de Jong vum Uranos an der Gaia, Brudder a Mann vum Tethys, a Papp vun den Okeaniden. Beim Kampf vum Zeus géint d'Titanen an d'Giganten huet hie sech op d'Säit vum Zeus geschloen an ass doduerch och net an den Tartaros verbannt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Okeanos – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.