Den Offlosswäert ass eng Mooss déi den Offloss vun den Nidderschléi am Anzuchsgebitt vun engem Waasserlaf ugëtt.

De Wäert ass onofhängeg vun der Gréisst vum Anzuchsgebitt, an e gëtt d'Héicht vun den Nidderschléi un, déi direkt an engem bestëmmten Zäitraum, sief dat e Mount oder e Joer, offléissen. Grad sou wéi d'Héicht vun den Nidderschléi gëtt de Wäert a Millimeter uginn.

Dëse Wäert ergëtt sech aus dem Total vun den Nidderschléi, vun deem déi Quantitéiten, déi versickeren a verdonsten, ofgerechent ginn. Wann den Terrain géi ass a vill versigelt Flächen do sinn ass dëse Wäert relativ héich, well d'Waasser séier ofleeft an net vill Zäit huet fir ze verdonsten a well op versigelte Flächen d'Waasser net an de Buedem anzéie kann.

Wann een dëse Wäert mat der Fläch multiplizéiert, op deen den Nidderschlag gefall ass, kritt een als Resultat d'Wasserquantitéit, déi wärend der Period vum Nidderschlag iwwerflächlech ofgelaf ass. Dës gëtt normalerweis a Meter Kibb uginn.

Op ee Waasserlaf bezunn kann een sou, wann een dës Waasserquantitéit duerch d'Sekonnen deelt, an där se fält, erausrechnen ëm wéi vill den Debit pro Sekonn vun dësem wärend Reeperioden an d'Luucht geet.

Beispill änneren

Am Fall vum Lëtzebuerger Land, wou den Nidderschlag an engem Joer an der Moyenne ronn 700 mm ausmécht, wouvun der 470 an de Buedem zéien a verdonsten, behale mer e Wäert vun 230 mm. Dëse mat der Fläch vum Land multiplizéiert gëtt eng total Waasserquantitéit vu 594.780.000 Meter Kibb.

594.780.000 m³/31.536.000 s gëtt en direkten Offlos vun 18,86 m³/s.