Den Offa vu Mercien, gestuerwen am Juli 796, war Kinnek vu Mercien vu 757 bis zu sengem Doud. Virum Opstig vu Wessex am 9. Joerhonnert war hien de mächtegste vun den angelsächsesche Kinneken. Géint Enn vu senger Herrschaft huet hien déi ganz Partie vun England südlech vum Floss Humber regéiert.

Offa vu Mercien
Titelen
Virgänger Beornred vu Mercien
Nofollger Egbert vu Wessex
Biographie
Gebuer 8. Joerhonnert jul.
Gestuerwen 29. Juli 796 jul.
Bedford
Bestuet mat Cynethryth
Papp Thingfrith
Kanner Ælfflæd vu Mercien, Ecgfrith vu Mercien, Ælfthryth vu Crowland, Æthelburh, Eadburh

Den Offa war de Jong vum Thingfrith an en Nofollger vum Eowa, dem Brudder vum Kinnek Penda, deen zirka honnert Joer virdrun um Troun souz. No der Ermuerdung vu sengem Cousin, dem Kinnek Æthelbald am Joer 757, huet den Offa de Beornrad geklappt, an sech sou den Troun vu Mercien ënner den Nol gerappt. Hien huet e Kinnekräich iwwerholl, wat zwar d'Iwwerhand iwwer de Süde vun England ënner dem Æthelbald hat, mä des privilegéiert Positioun gouf duerch den Doud vum Æthelbald an d'intern Konflikter staark geschwächt. Den Offa huet sech als Zil gesat, d'Muecht vu Mercien iwwer déi aner angelsächsesch Kinnekräicher nees opzebauen.

De Frank Stenton, en Historiker aus dem 20. Joerhonnert hält a sengem Wierk Anglo-Saxon England fest, datt alles an de Charten drop hindeit datt Kent als éischt ënner dem Offa säin Afloss gefall ass. De Stenton zitiéiert effektiv zwou Charten aus dem Joer 774 woura Leit am Kent Land iwwerlooss gëtt, an zwar eleng duerch den Offa, ouni och nëmmen de Kinnek vu Kent z'ernimmen.

An der Angelsächsescher Chronik steet datt d'"Awunner vu Mercien a vu Kent zesummen zu Otford gekämpft hunn" (776). Wéi d'Schluecht ausgaangen ass, ass net festgehale ginn, mä et gëtt traditionell als eng Victoire vu Mercien ugesinn. De Stenton ënnersträicht awer, datt an de Joren direkt no der Schluecht keng Unzeechen op en Afloss vum Offa am Kent ze mierke sinn, an an enger Charte vun 784 steet och nëmmen de kentesche Kinnek Ealhmund. Laut dem Stenton kéint dëst drop hiweisen, datt Mercien eventuell zu Otford verluer huet. Wéi och ëmmer ass dem Offa seng Autoritéit iwwer Kent definitiv vun 785 un ze spieren, an hält bis zum Joer vu sengem Doud 796 un, wou et dann zu enger ufanks sigräicher Rebellioun vum Eadbert Praen fir d'Onofhängegkeet vu Kent kënnt.

Am Sussex schéngen déi westlech Kinneken dem Offa seng Autoritéit zimmlech séier unerkannt ze hunn, déi ëstlech Gebidder hu sech awer net sou einfach geschloe ginn. 771 brécht e Krich aus, deen 772 mat der kompletter Herrschaft vum Offa iwwer ganz Wessex op en Enn geet. D'südsächsesch Kinneke goufen duerno nëmme nach als Herzogen ernimmt.

Anerwäerts an England erreecht den Offa eng wichteg Victoire géint de westsächsesche Kinnek Cynewulf an der Schluecht vu Bensington (Oxfordshire) am Joer 779 an eruewert Lännereien zeréck déi un d'Westsachse gefall waren. 786, no der Ermuerdung vum Cynewulf, setzt den Offa de Beorhtric op de westsächseschen Troun, warscheinlech als Oppositioun zu engem anere Pretendant, dem Egbert. Wärend der Regentschaft vum Beorhtric huet dësen den Offa als säin ieweschten Här ugesinn, an huet sech 789 mat enger Duechter vum Offa bestuet.

794 iwwerhëlt den Offa East Anglia, no der Ermuerdung vum Kinnek Aethelbert. De geneeën Oflaf heivun ass net bekannt, an der Angelsächsescher Chronik steet nëmmen, datt den Offa den Uerder ginn huet, den Aethelbert ze käppen. De Roger vu Wendover huet an engem spéidere Schreiwes festgehalen, datt den Aethelbert duerch Verrot vum Offa senger Fra, der Cynethryth, em d'Liewe komm wier, mä dëst ass net duerch Fakte beluecht.

Wéi déi meescht Kinneke vu Mercien war den Offa dacks am Konflikt mat de walisesche Kinnekräicher. 760 koum et zu enger Schluecht zu Hereford, an den Offa war a Campagne géint d'Waliser an de Joren 778, 784 an 796. Hien ass warscheinlech am bekanntsten duerch Offa's Dyke, e groussen Damm tëscht England a Wales. Mä obschonn déi geographesch Ofgrenzung no him benannt ass, ass onkloer wéiwäit hie selwer eppes mat der Konstruktioun ze dinn hat.

Hien huet d'Sëlwermënzen an England agefouert, an déi éischt englesch Pennye goufe produzéiert, sou wéi eng Kopie vum gëllenen Dinar vum Kalif Al-Mansur. Warscheinlech gouf dës Mënz geprägt fir mam islamistesche Spuenien ze handelen. Um Offa senge Mënze fënnt een och heiansdo d'Cynethryth representéiert.

Obschonn den Offa am Ufank den Titel rex Merciorium gedroen huet, goufe seng Titelen am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi grandios an impressionant. 774 benotzt hie fir d'alleréischt den Titel rex Anglorum, Kinnek vun den Englänner. Hie war deen éischte Kinnek deen dësen Titel benotzt huet.

Duerch seng Relatioune mam mächtegsten europäeschen Herrscher vu senger Zäit, dem Karel de Grousse geet ervir, datt dësen dem Offa seng Muecht unerkannt huet, an hien deementspriechend mat Respekt behandelt huet. Allerdéngs ass dat dem Offa net duergaangen. Hie wollt net nëmme mat Respekt behandelt ginn, hie wollt dem Karl dem Grousse gläichgestallt sinn. Dëst huet zu Tensioune mat de Franke gefouert. Em 789 huet de Karl de Grousse versicht, ee vu senge Bouwen mat enger Duechter vum Offa ze bestueden. Den Offa sengersäits huet alles dru gesat fir ee vu sengen eegene Bouwen mat enger Duechter vum Karl ze bestueden. Dat gouf vun de Franken als Affront ugesinn, an d'fränkesch Häfe blouwe fir eng Zäit fir all englesch Händler gespaart.

Zu engem Konflikt koum et mam Jaenbert, dem Äerzbëschof vu Canterbury, wéi den Offa probéiert huet, d'Influenz vu Canterbury ze minimiséieren, andeems hien eng "Konkurrenz"-Äerzdiözes zu Lichfield mam Accord vum Poopst Hadrian I. etabléiert huet. E Konzil zu Chelsea am Joer 787 war no Diskussiounen och mat der Grënnung averstanen. Éischten an eenzegen Äerzbëschof war den Hygeberht.

An der leschter Dekad vu senger Herrschaft huet den Offa seng Nofolleg an der Persoun vu sengem Jong Ecgfrith geséchert, deen 787 och zu sengem Coregent gekréint gouf. Nom Offa sengem Doud am Juli 796 souz den Ecgfrith awer nëmmen e puer Méint méi laang um Troun, hie stierft ënner ongeklärten Ëmstänn.

Dem Offa seng Herrschaft markéiert den Héichpunkt vun der Muecht vu Mercien. Knapps e Véirelsjoerhonnert méi spéit (825) ass et Wessex wat England dominéiert.

Literatur änneren

  • Stenton, Frank M., Anglo-Saxon England, Kapitel VII "The Ascendancy of the Mercian Kings", Oxford University Press, 1943.

Kuckt och änneren


Virgänger:
Aethelbert
Kinnek vun East Anglia
Nofollger:
Eadwald
Virgänger:
Ealhmund
Kinnek vu Kent
Nofollger:
Eadbert II.
Virgänger:
Beornrad
Kinnek vu Mercien
757-796
Nofollger:
Ecgfrith
Virgänger:
Ethelbald vu Mercien
Bretwalda
Nofollger:
Egbert vu Wessex