Den Observatoire Stockholm ass en Observatoire zu Stockholm, Schweden. Hie gouf am 18. Joerhonnert gegrënnt an ass elo en Deel vun der Fakultéit fir Astronomie vun der Universitéit Stockholm.

Den alen Observatoire vu Stockholm aus dem 18. Joerhonnert
De Musée am alen Observatiounsraum. Hie gouf gebraucht ir d'Teleskopkuppel am 19. Joerhonnert gebaut gouf.

Den Observatoire gouf vun der schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften op Initiativ vun hirem Sekretär Per Elvius dee Jéngste (17101749) opgeriicht. E gouf no de Pläng vum Architekt Carl Hårleman tëscht 1748 an 1756 gebaut. Den éischten Direkter war de Pehr Wilhelm Wargentin, gefollegt ë. a. vum Hugo Gyldén an dem Bertil Lindblad.

1929 gouf mat dem Bau vun engem neien Observatoire um Karlsbaderberget zu Saltsjöbaden ugefaangen. Deen Observatoire gouf vum Architekt Axel Anderberg entworf a war [1931]] fäerdeg. Den alen Observatoire gëtt zanterhier als Musée benotzt.

2001 ass d'Fakultéit an dat neit AlbaNova universitetscentrum um Stockholmer Roslagstull geplënnert. Zanter 2007 ass an der Kuppel vum Gebai en neien Observatoire mat engem Ritchey-Chrétien-Spigelteleskop mat engem Duerchmiesser vun engem Meter.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren