Obélix et compagnie ass den 23. Album aus der Astérix-Serie vum René Goscinny an Albert Uderzo.

Obélix et compagnie
Land Frankräich
Sprooch Franséisch
Erauskomm 1976
Auteur René Goscinny
Zeechnungen Albert Uderzo
Band virdrun La grande traversée
Band duerno Den Astérix bei de Belsch

Ëm wat geet et? änneren

No nees enger Néierlag géint eis Gallier ass de Cäsar op en Neits op der Sich no engem Wee fir dat klengt Rebellenduerf ze ënnerwerfen. De jonke Caius Saugrenus kënnt op d'Iddi et mat Sesterzen ze probéieren. D'Gallier sollen duerch de Goût vun de Suen geneesou dekadent ginn, wéi d'Politiker ronderëm den Cäsar, déi nëmmen nach un Iessen an Drénken denken.

De Saugrenus mécht sech also op de Wee a Gallien a keeft dem Obelix all seng Menhiren of. Wéi seet de Saugrenus sou schéin zum Obélix: « Un acheteur de menhirs et un livreur de menhirs sont faits pour s'entendre ». Duerch seng nei Opträg huet den Obelix all Hänn voll ze dinn, a ka mol net méi mam Asterix op d'Wëllschwéngsjuegd goen. Iergendwann grommelt dann awer säi Mo, mä den Asterix bleift haart. An deem Moment kënnt den Duerfbewunner Analgésix laanscht, op senge Schëlleren dréit en e Wëllschwäin. Den Obelix decidéiert kuerzerhand, him dëst ofzekafen a sou hëlt d'Ongléck säi Laf. D'Gallier si nëmmen nach beschäftegt mat produzéieren a verkafen, well wéi den Obelix sou schéi seet: « Si la demande offrée de la production satisfaite j'en fais pas assez, alors ça va faire chuter les sesterces dans la cour. »

Kuriéises änneren

  • Säit 6: Déi zwéin Legionären, déi ee liicht alkoholiséierten drëtte Legionär op enger Brëtsch droen, si Karikature vum Uderzo a Goscinny.
  • Säit 12: D'Nouvelle École d'Affranchis ass eng Allusioun op d'École Nationale d'Administration (E.N.A.) wou d'Haut-Fonctionnaire vu Frankräich ausgebilt ginn.
  • Säit 27: Déi zwee Legionären an der 6. Case sinn eng Karikatur vu Laurel an Hardy.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren