OCA-DLR Asteroid Survey

ODAS (Ofkierzung fir OCA-DLR Asteroid Survey, woubäi OCA fir Observatoire de la Côte d'Azur an DLR fir Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfaart steet) ass d'Bezeechnung fir en Asteroide-Sichprogramm, dat vun 1996 bis 1999 vum Observatoire de la Côte d'Azur a Kooperatioun mat dem Institut fir Planéitefuerschung vum DLR bedriwwe gouf. Mat Hëllef vun engem nërdlech vun Nice stationéierten 90-cm-Schmidt-Teleskop goufen iwwer 2.000 Asteroiden, dorënneer och fënnef äerdno Objeten an ee Koméit entdeckt.

Nodeem d'ODAS-Himmelsiwwerwaachung wéinst finanzielle Schwieregkeeten huet missen agestellt ginn, goufen d'Fuerschunge mat UDAS (vun 1999 un) an ADAS (vun 2001 un) weidergefouert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren