Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

D'Noutwier ass en objektive Rechtfäerdegungsgrond, deen d'Kriminalitéit vun engem Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung suppriméiert, wann deen Akt dee Moment noutwenneg war, fir sech selwer oder en Drëtten a berechtegter Selbstverdeedegung ze schützen.

Konditioune vun der Noutwier änneren

An anere Wierder, wann eng Persoun mat enger ongerechter Aggressioun konfrontéiert gëtt, an an en Interessekonflikt geréit mat op där enger Säit der Realisatioun vun där Gefor an op där anerer Säit der Verdeedegung géint déi Gefor duerch en Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung, deen also am Prinzip selwer e Verbriechen oder en Delikt duerstellt, da kann deen Akt vu senger Qualifikatioun als Verbriechen oder Delikt befreit ginn, wann déi follgend Konditiounen all erfëllt sinn:

  • den Auteur vun der Dot muss sech zur Wier gesat hu géint eng aggressiv, aktuell an imminent Attack;
  • déi Aggressioun muss ongerecht gewiescht sinn;
  • se muss géint seng Persoun oder géint en Anere geriicht gewiescht sinn; an
  • d'Verdeedegung muss proportionéiert zur Attack gewiescht sinn.

Explikatiounen zu de Konditiounen änneren

Et muss sech also ëm eng seriéis a grave Attack handelen, déi drop an drun oder schonn am Gaang ass ausgefouert ze ginn. Wann d'Aggressioun bis eriwwer ass, dann ass och d'Méiglechkeet vun der berechtegter Selbstverdeedegung eriwwer.

D'Aggressioun ass als ongerecht unzegesinn, wa se weeder eng rechtlech Grondlag huet, nach vum Gesetz autoriséiert oder virgeschriwwe war. E Kriminelle ka sech also net op d'Légitime défense beruffe, wann e sech géint d'Police wiere wëll déi e festhuele soll. Mä wa Beamte vun enger Autoritéit sech engem wierklech manifest verbuedenen Akt schëlleg maachen, da kann ee sech schonn a berechtegter Selbstverdeedegung zur Wier setzen. Weider ass et evident, datt deejéinegen, vun deem eng Aggressioun ausgaangen ass, net herno d'Légitime défense invoquéiere kann, wa säin Affer sech géint hie gewiert huet.

Wa rieds geet vu "sech selwer oder en Drëtte" schützen, dann ass domat an éischter Linn d'Protektioun vun der Persoun an hirem Liewe geduecht. Et ass awer och méiglech, a Légitime défense d'Éier oder de Besëtz ze verdeedegen, mä déi Valeure si manner héich anzestufe wéi d'Persoun an hiert Liewen, an dofir muss d'Verhältnesméissegkeet vun der Verdeedegung hei absënns respektéiert ginn. Sou kann een net vu berechtegter Selbstverdeedegung schwätzen, wann een z. B. en einfachen Abriecher ëmbruecht huet, ausser wann ee légitimement menge konnt, ausser dem Besëtz wier och gläichzäiteg déi eege Persoun oder déi vun engem Drëtten a Gefor.

D'Appreciatioun vun der Proportionalitéit vun der Verdeedegung par Rapport zur Gravitéit vun der Aggressioun gehéiert dem Geriicht. Dat kann eng ganz delikat Aufgab sinn, mä dacks ass d'Aschätzung awer méi oder wéineger einfach wann ee sech un der Jurisprudenz orientéiert. Een doutmaache well een eng op de Bak krut ass definitiv iwwerdriwwen.

Zwéi Fäll vu Presomptioun vun Noutwier änneren

Et gëllt déi (einfach) Presomptioun vun Noutwier, wann den Akt vun Doutmaachen oder Kierperverletzung dozou gedéngt huet, fir nuets en Abriecher zeréckzestoussen, deen an eng Wunneng oder hir Dependancen eraklamme wollt. Déi Presomptioun kann ëmgehäit ginn, wa bewisen ass, datt den Auteur vun der Dot net un en Attentat géint d'Persoun (sief et per se oder als Riposte) gleewe konnt, z. B. well e genee wousst datt den Abriecher aner Motiver hat fir an d'Wunneng ze kommen.

Et gëllt déi (irrefragabel) Presomptioun vun Noutwier, wann ee sech mat deem Akt géint en Déifstall wiere wollt, deen zesumme mat effektive Gewalttätegkeete géint d'Persoun verübt ginn ass.

D'Notioun vun "Nout" gëtt vum Riichter op Basis vun de Fakten appreciéiert.