Den Norman Robert Pogson, gebuer den 23. Mäerz 1829 zu Nottingham, a gestuerwen den 23. Juni 1891, war en engleschen Astronom.

Norman Robert Pogson
Gebuer 23. Mäerz 1829
Nottingham
Gestuerwen 23. Juni 1891
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom
Entdeckten Asteroiden: 8
Isis 23. Mee 1856
Ariadne 15. Abrëll 1857
Hestia 16. August 1857
Asia 17. Abrëll 1861
Sappho 2. Mee 1864
Sylvia 16. Mee 1866
Camilla 17. November 1868
Vera 6. Februar 1885

De Pogson gouf 1851 Assistent um Radcliff-Observatoire zu Oxford. 1858 war hien Direkter um Hartwell-Hall-Observatoire zu Buckingham. Vun 1861 u gouf hien Direkter vum Observatoire vu Madras an Indien.

De Pogson huet 9 Asteroiden an 21 verännerlech Stären entdeckt an huet en ëmfangräiche Stärekatalog opgestallt. Hien huet d'Hellegkeetsskala vun de Stäre verbessert, andeems hien dem Hipparcos säi System vun de Gréissteklassen an e logarithmescht Verhältnes gesat huet. No där ass een helle Stär vun der 1. Gréissteklass honnert mol méi hell wéi ee Stär vun der 6. Gréissteklass, deen ënner gudde Siichtbedéngunge grad nach mat bloussem A ze gesinn ass.

Zu Éiere vum Pogson gouf ee 50 km groussen Äerdmoundkrater no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren