Non-Violence, och nach The knotted gun, ass eng Bronzeskulptur, déi vum schweedesche Sculpteur Carl Fredrik Reuterswärd, 1980 entworf gouf. Den Doud vum John Lennon war den Ustouss fir de Kënschtler dës Skulptur ze realiséieren.

Deen éischte Revolver mam Knuet am Laf zu Malmö.

D'Skulptur gouf a verschiddene Variatiounen oder Repliquen[1] an en ettlech Stied uechtert d'Welt opgestallt. Verschidde Replique sinn a Privatbesëtz wéi z. B. déi vum englesche Foussballist David James.

Déi éischt gouf 1985 zu Malmö opgestallt.

Duerno gouf 1988 eng zu New York virum Gebai vun der UNO opgeriicht. Dat ass e Kaddo, deen d'lëtzebuergesch Regierung 1988 de Vereenten Natioune gemaach huet.

Eng drëtt steet zu Lëtzebuerg um Kierchbierg am Parc central tëscht der Europäescher Schoul an der Coque. Ier d'Jean-Monnet-Gebai 2017-19 ofgerappt gouf, stoung se do virdrun[2].

Am August 2005 gouf am Park vum Bundeskanzleramt zu Berlin eng weider Non-Violence-Skulptur ageweit, déi de Kënschtler Däitschland geschenkt hat. De Günter Grass huet d'Laudatio gehalen.

Referenzen änneren

  1. Verschidde Quelle schwätze vu 14, anerer vu 16 oder 18, an nach anerer vu méi wéi 20 Repliken doruechter.
  2. LCTO, Broschüre: Kirchberg - Architektur und Kunst im öffentlichen Raum online S.19

Um Spaweck änneren