En Nomad (aus dem algriicheschen νομάδες, nomádes) ass e Member vun enger Communautéit, déi vun enger Plaz op déi aner zitt an déi a sech net permanent an enger bestëmmter Uertschaft oder op enger bestëmmter Plaz nidderléisst. Et gëtt geschat, datt et e puer Dose Milliounen Nomaden op der Welt ginn.[1]

Kirgisesch Nomadefamill an Usbekistan (1911)

Vill Kulturen haten traditionell en nomadenhafte Liewensstil, deen awer an den industrielle Länner ëmmer méi rar gëtt.

Bekannt aktuell oder fréier Nomadegesellschafte sinn d'Berber an Nord- a Westafrika, d'Sami am Lappland an d'Inuit an der Arktis.

Um Spaweck änneren

Commons: Nomad – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. newint.org (1995; gekuckt de 16. Januar 2013)