Nolëns
Eng Nolëns ass eng geformt eenzel gliese Lëns an enger metalle Rumm, déi an d'Filtergewënn vun engem Fotoobjektiv geschrauft gëtt, fir d'Brennwäit vum Objektiv ze kierzen.
Et ass déi einfachst an déi bëllegst Léisung fir Makrofotografie ze praktizéieren, ouni op e Makroobjektiv oder en Tëscherank zeréckzegräifen.
Nodeeler änneren
Well Nolënsen net flaach si verännere se de Stralegank vum Liicht, ier et an d'Objektiv kënnt. Normal Objektiver sinn awer dofir net berechent a sou geet, besonnesch op dem Bord Schäerft verluer.
Fir Chromatesch Streeungen ze verhënneren ass ugeroden, eng Nolëns mat enger Achromat-Lëns ze benotzen.
Verschidde Stäerkten änneren
Am Handel sinn Nolënse mat verschidde Stäerkten, déi an Dioptrien ausgedréckt ginn.