Noah Gordon

amerikanesche Schrëftsteller

Den Noah Gordongebuer den 11. November 1926 zu Worcester, am Massachusetts, a gestuerwen den 22. November 2021 zu Dedham, am Massachusetts[1] war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Noah Gordon
Gebuer 11. November 1926
Worcester
Gestuerwen 22. November 2021
Dedham
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Journalist, Editeur

Hie gouf international bekannt fir seng Romaner iwwer déi fiktiv Medezinner-Dynastie vun der Famill Cole: The Physician (1987), Shaman (1992) a Matters Of Choice (oder Choices), 1995.

Seng lescht Wierker haten d'Inquisitioun an déi jiddesch Kulturgeschicht als Theema.

Um Spaweck änneren

Commons: Noah Gordon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Noah Gordon, 95, Dies; American Novelist With an Audience Overseas." The New York Times, 2021-11-25.