D'Nike Cajun war eng zweestufeg Héichtefuerschungsrakéit. Si gouf 714-mol tëscht 1956 an 1976 gestart a war déi am heefegste gebraucht Héichtefuerschungsrakéit vun der westlecher Welt. D'Nike Cajun hat eng Startmass vu 698 kg, eng Notzlaascht vun 23 kg, e Startschub vun 246 kN a gouf bis op eng maximal Héicht vun 120 km geschoss. D'Nike Cajun hat en Duerchmiesser vun 42 cm an eng Längt vu 7,70 m. D'Brennzäit vun der Nike waren 3 Sekonnen, déi vun der Cajun 2,8 Sekonnen. D'héchst Vitess vun der Nike Cajun war 6760 km/h.

D'Héichtefuerschungsrakéit Nike Cajun

Um Spaweck änneren