Nicolas de Catinat

franséische Militär, Gouverneur vu Lëtzebuerg

Den Nicolas III. de Catinat de La Fauconnerie, Seigneur de Saint-Gratien, gebuer den 1. September 1637 zu Paräis a gestuerwen de 25. Februar 1712 um Schlass vu Saint-Gratien, war e Maréchal de France.

Nicolas de Catinat
Gebuer 1. September 1637
Paräis
Gestuerwen 22. Februar 1712
Saint-Denis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Offizéier, Affekot

Hie war ufanks Jurist, huet dann awer eng Militärcarrière ageschloen. Bei der Belagerung vu Lille 1667 huet hien e gudden Androck beim Kinnek Louis XIV. gemaach, a sou gouf hie Sous-lieutenant beim Régiment des Gardes françaises. Vu 1672 bis 1675 huet hien den Hollännesche Krich matgemaach, gouf 1676 an den État-major vum Maréchal de Rochefort senger Arméi versat a geschwënn dono zum Brigadier des armées du roi a Kommandant vun Dunkerque, méi spéit zum Inspecteur général de l'armée a 1681 zum Maréchal de camp befërdert.

1686 gouf e géint d'Waldenser am Süde vu Frankräich geschéckt a 1687 zum Gouverneur vu Lëtzebuerg ernannt. 1688 war e Lieutenant-général bei der Belagerung von Philippeville. Dono krut e vum François de Louvois den ieweschte Kommando iwwer Jülich a Limburg an den Uerder dës zeguttst ze zerstéieren (bien brûler).

Dono huet en op der Südwestfront gekämpft: 1690 an der Schluecht bei Staffarda, zu Susa, 1691 bei der Belagerung vun Nice, Carmagnola, an en huet e groussen Deel vum Piemont eruewert. 1693 gouf hie fir seng erfollegräich Verdeedegung vum Dauphiné zum Maréchal de France ernannt. Dono huet hien an der Schluecht bei La Marsaglia gewonnen a 1696 de Fridden zu Turin verhandelt. Doropshi goung en nees als Kommandant a Flandern, wou e 1697 Ath eruewert huet.

Zanter dem Fridde vu Rijswijk (1697) huet de Catinat als Privatmann zu Paräis, gelieft, ier e 1701 nees de Commandant en Chef vun der italieenescher Arméi an der Regioun ëm Mailand iwwerholl huet? Den 9. Juli 1701 gouf e vum Eugène de Savoie an der Schluecht bei Carpi geschloen. Hien huet säi Kommando verluer, gouf awer nees 1702 an d'Elsass geschéckt. Net laang dono huet hie sech aus der Arméi zeréckgezunn an ass 1712 op sengem Besëtz zu Saint-Gratien gestuerwen.

1819 goufe seng Memoiren an 3 Bänn publizéiert.

Literatur änneren

  • Louis Marie de Créqui: Mémoires pour servir à la vie de Nicolas de Catinat. Paris 1775.
  • L. Dussieux: Les Grands Géneraux de Louis XIV. Librairie Victor Lecoffre, Paris 1888, S. 270–287.
  • Karl Landmann: Catinat. In: Bernhard von Poten (Hrsg.): Handwörterbuch der gesamten Militärwissenschaften. Band 2, Leipzig / Bielefeld 1877, S. 197 f.
  • Emmanuel de Broglie: Catinat, l'homme et la vie. Paris 1902.
  • Bruno Jousselin, Ghislaine Chouet: Catinat – histoire d'une famille. 2010, ISBN 2-900122-90-2.

Um Spaweck änneren

Commons: Nicolas de Catinat – Biller, Videoen oder Audiodateien