Den Nicolas Fortuné Auguste de Cassal, gebuer den 11. Juni 1798 zu Miersch a gestuerwen den 1. Mee 1860 zu Uccle - Ukkel, war e lëtzebuergeschen Adlegen.

Nicolas de Cassal
Gebuer 11. Juni 1798
Gestuerwen 1. Mee 1860
D'Maison de Cassal an der Stad Lëtzebuerg.

Hie war de Jong vum Barong Ignace-Antoine de Cassal, engem Affekot, an der Marie-Elisabeth de Mathieu.

De 5. Mäerz 1816 krut hien de lëtzebuergesche Barongstitel.[1]

Hie blouf Jonggesell a mat him ass d'Famill de Cassal ausgestuerwen.

Literatur änneren

  • E. Wittert van Hoogland: De Nederlandsche adel, Den Haag, 1913.
  • Oscar Coomans de Brachène: État présent de la noblesse belge, Annuaire 1986, Brussel, 1986.

Referenzen änneren

  1. Almanach royal de Belgique: Classé et mis en ordre Par H. Tarlier Liste des nobles reconnus Le 5 mars 1816 reconnaissance de noblesse à Nicolas-Fortuné-Auguste de Cassal, inscrit dans l'Ordre Équestre du Luxembourg avec le titre de baron. Deemools goufen all déi fréier Adelstitelen iwwerschriwwen an den Ordre de Noblesse gouf an Ordre Équestre ëmgedeeft Kuckt och: Daniel Erpelding:Sources du Dr Loutsch