Den Nicolas Steil, gebuer den 2. Januar 1961 zu Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Filmproduzent, Theater- a Filmregisseur an Dréibuch- an Theaterauteur.

Nicolas Steil
Gebuer 2. Januar 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur

Karriär änneren

Hien huet an der geschriwwener Press als Journalist ugefaangen an ass 1983 bei RTL TV gewiesselt, wou hie Reporter, Noriichte-Presentateur a Produzent war. Hien huet 1988 PAL, déi éischt Filmproduzenten-Associatiooun zu Lëtzebuerg, gegrënnt. Duerno huet hien a verschiddenen europäesche Gremie geschafft, déi sech ëm Auteure-Rechter oder Finanzhëllefe fir Filmproduktioune gekëmmert hunn. Zanter 1997 ass hien den Direkter vun der Produktiounsfirma Iris Productions an huet bis ewell eng 20 Spill-, Animatiouns- an Dokumentarfilmer (co)produzéiert.[2]

Den Nicolas Steil huet bei den Theaterstécker Combat (Carlos Batlle Jordà, 2001), La Jeune Fille et la Mort (Ariel Dorfman, 2003), L'Affaire Suberville (vun him selwer, 2004), Table Rase (Jean-Louis Schlesser, 2005) an Central Park West (Woody Allen, 2007) Regie gefouert.

Hien huet och un den Dréibicher vu Le club des chômeurs a Réfractaire matgeschafft. Réfractaire (2009) ass deen éischte Spillfilm, bei deem e selwer Regie gefouert huet.

Den Nicolas Steil ass mat der franséischer Schauspillerin a Regisseurin Véronique Fauconnet bestuet.

Filmer änneren

als Regisseur änneren

als Produzent änneren

Referenzen änneren

  1. "Né le 2 janvier 1961 au Luxembourg" (Quell: www.francofilm.it, gelies den 21. Mäerz 2012)
  2. Cf. http://www.irisproductions.lu