Nicolas Kettel

lëtzebuergesche Foussballspiller


Den Nicolas Kettel oder Nic Kettel, gebuer de 17. Dezember 1925 zu Diddeleng a gestuerwen de 7. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[1], Foussballspiller an Olympionik.[2]

Nicolas Kettel
Gebuer 17. Dezember 1925
Diddeleng
Gestuerwen 7. Abrëll 1960
Lëtzebuerg
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Stade Dudelange,
Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet fir d'"Stade" zu Diddeleng a bei de Young Boys zu Dikrech gespillt a 57 Matcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[3]

Hie war bei den Olympesche Spiller 1948 zu London dobäi an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.[4]

Hien ass de 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosaccident gestuerwen, an dem och den Nico Reiff an den Nico Schlesser ëm d'Liewe komm sinn.[5]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Fédération des enrôlés de force - Nicolas Kettel. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 2023-06-24.
  2. Den Nic Kettel op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Lëscht mat de Lännermatcher vum Nic Kettel op der Websäit eu-football.info
  4. Den Nic Kettel op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  5. [1]