Nick Nolte

US-amerikanesche Schauspiller

Den Nick Nolte, gebuer als Nicholas King Nolte den 8. Februar 1941 zu Omaha an Nebraska, ass en US-amerikanesche Schauspiller.

Nick Nolte
Gebuertsnumm Nicholas King Nolte
Gebuer 8. Februar 1941
Omaha
Nationalitéit USA
Educatioun Westside High School,
Omaha Benson High School Magnet,
Pasadena City College,
Arizona State University,
Eastern Arizona College,
Phoenix College,
Stella Adler Studio of Acting
Aktivitéit Filmschauspiller, Filmproduzent, Mannequin, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Basketballspiller, Theaterschauspiller
Famill
Kanner Brawley Nolte

Hien ass vun 1960 un als Schauspiller am Theater opgetrueden. Seng éischt Filmroll krut hien am Joer 1972. Hie war bis haut (2021) an iwwer 100 Kinos-an TV-Filmer ze gesinn.

Zu senge bedeitende Filmer zielen de Politdrama Under Fire (1983) vum Roger Spottiswoode, den Thriller Cape Fear vum Martin Scorsese, The Player vum Robert Altman an de Krichsfilm The Thin Red Line (1998) vum Terrence Malick.

1992 krut hien a Golden Globe als beschte Schauspiller am Film The Prince of Tides.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um spaweck änneren

Commons: Nick Nolte – Biller, Videoen oder Audiodateien