Nichelle Nichols
D'Grace Dell „Nichelle“ Nichols, gebuer den 28. Dezember 1932 zu Robbins, am Illinois, a gestuerwen den 30. Juli 2022 zu Silver City, am New Mexico, war eng US-amerikanesch Schauspillerin a Sängerin.
Nichelle Nichols | |
---|---|
Gebuertsnumm | Grace Dell Nichols |
Gebuer | 28. Dezember 1932 |
Gestuerwen | 30. Juli 2022 |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Sänger, Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Dänzer |
Member vun | Alpha Kappa Alpha |
Sie gouf absënns duerch hir Roll als Leitnant Uhura an der Tëleesserie Star Treck (1966 bis 1969) an an den Nofollger-Kinofilmer bekannt. An där Roll war si déi éischt Schwaarz Schauspillerin op der amerikanescher Televisioun, déi eng méi 'normal' Roll gespillt huet wéi just en Déngschtmeedchen oder eng Kächen. Ausserdeem huet si an der Episod Plato’s Stepchildren als éischt Schwaarz Fra engem Wäisse Mann, de Captain Kirk (gespillt vum William Shatner) e Kuss ginn.[1]
Dono huet si e puer Placken als Sängerin opgeholl, an e puer Filmer matgespillt, a vun 1974 bis 1985 periodesch fir d'US-Weltraumagence NASA geschafft, fir déi se representativ Rollen ugeholl huet, a Promotioun fir Nowuessastronaute gemaach huet.
Filmographie (Auswiel) änneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Publikatiounen änneren
- Nicht nur Uhura. Star Trek und andere Erinnerungen. 1997, ISBN 978-3-453-12797-5.
- Saturns Kind. Roman (mit Margaret Wander), 1991, ISBN 978-3-453-14906-9.
Literatur änneren
- Thomas A. Herrig: … wo noch nie eine Frau zuvor gewesen ist. 45 Jahre Star Trek und der Feminismus, 2011 (ISBN 978-3-8288-2567-3)
Um Spaweck änneren
Commons: Nichelle Nichols – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ "Nichelle Nichols Biography, Movie Highlights and Photos." op allmovie.com, gekuckt 2022-07-31.