Nic Scheitler
lëtzebuergesche Sportler
Den Nic Scheitler, gebuer den 18. Mee 1910 zu Nidderkuer an do gestuerwen den 18. September 1999, war e lëtzebuergesche Gewiichthiewer, am Mëttelgewiicht.[1]
Nic Scheitler | |
---|---|
Gebuer |
18. Mee 1910 Nidderkuer |
Gestuerwen |
18. September 1999 Nidderkuer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewiichthiewer |
Hien hat Lëtzebuerg 1928 op den Olympesche Spiller zu Amsterdam, an 1936 op deene vu Berlin vertrueden.
1928 hat hie mat 275 kg déi 14. Plaz vu 15 krut, an 1936 mat 350 kg eng repektabel 5. Plaz vu 14.