Den Nguyễn Tấn Dũng, gebuer de 17. November 1949 zu Cà Mau, war vun 2006 bis de 7. Abrëll 2016[1],[2] Premierminister vum Vietnam.

Nguyễn Tấn Dũng
Gebuer 17. November 1949
Nationalitéit Vietnam
Aktivitéit Politiker, Militär

Mat 12 Joer huet hie sech fräiwëlleg bei d'Vietcong gemellt. Hien huet zu Rạch Giá an am Süde vum Land als Sanitäter gedéngt. Hie gouf véiermol am Laf vum Vietnamkrich verwonnt. Den Nguyễn Tấn Dũng huet Droit studéiert a gouf 1967 Member vun der Kommunistischer Partei vum Vietnam.

De 27. Juni 2006 gouf en, nodeem e vu sengem Virgänger Phan Văn Khải dozou nominéiert gouf, vun der Nationalversammlung zum Minsterpresident ernannt. Hie gouf 2011 am Amt confirméiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Nguyễn Tấn Dũng – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. http://primeminister.chinhphu.vn/Home/New-Prime-Minister-names-key-priorities/20164/3184.vgp
  2. http://time.com/4284711/vietnam-approves-new-prime-minister-to-complete-leadership-trio/