New South Wales

een  australesche Staat

New South Wales ass den eelsten a meeschtbevëlkerten australesche Staat mat als Haaptstad Sydney. Diversitéit vun New South Wales ass enorm. Endlos laang Plagen, Eukalyptusbeembëscher, romantesch Séien, Farmen, riseg Nationalparken déi vum Dschungel bis zur Wüst ginn, subtropesch Hëtzen a Minustemperaturen an de Schigebieder vun de Snowy Mountains. Vun der ganzer Bevëlkerung vun New South Wales wunnen der eleng zu Sydney scho 4 Milliounen. De Rescht vun New South Wales ass zimmlech dënn bewunnt.

Fändel vun New South Wales
Fändel vun New South Wales
New South Wales
Kaart
Basisdaten
Haaptstad: Sydney
Gréisst Stad: Sydney
ISO 3166-2: AU-NS
Fläch: 801.600 km²
Awunner: 6.341.600 (2004)
Bevëlkerungsdicht: 7,91 Awunner/km²

Geographie änneren

New South Wales läit op der Ostküst vun Australien mat enger flaacher Géigend am Westen, de Bierger un der Küst Great Diving Range, der Neuenglandketten am Norden, de Blue Mountains am Zentrum an dem héchste Bierg aus den australeschen Alpen, dem Mount Kosciuszko (2230 m) am Süden. D'total Fläch huet 801.600 km².

New South Wales gëtt a 14 Regiounen agedeelt: Central West (CW), Far West (FW), Hunter (HT), Illawara (IL), Murrumbidgee (MG), Murray (MR), Mid-North Coast (NC), Nothern (NR), North Western (NW), Richmond Tweed (RT), South Eastern (SE), Sydney Inner (SI), Sydney Outer (SO) an Sydney Surrounds (SS).

Geschicht änneren

New South Wales war déi éischt brittesch Kolonie an Australien a gouf 1770 vum James Cook entdeckt. Et huet de ganzen Oste vun Australien ëmfaasst. 1859 gouf Queensland ofgetrennt an 1911 Australian Capital Territory mat Canberra, der australescher Haaptstad.

Bevëlkerung änneren

En Drëttel vun der australescher Bevëlkerung lieft an New South Wales, virun allem un der Küst an zu Sydney. 26 % vun der Aboriginies-Bevëlkerung lieft och hei am Bundesstaat.

Géigenden an Nationalparken änneren

Batemans Bay huet 9500 Awunner a läit beim Clyde River 240 km südlech vu Sydney. An der Géigend leien och den Nationalpark Murramurang a den Jervis Bay Nationalpark.

De Murramurang huet eng spektakulär Küst déi aus Sandplagen, géie Fielsen an Hiele besteet, intressant fir Wanderer a Fossilieninteressenten.

De Jervis Bay läit ëm déi 100 km nërdlech vun der Batemans Bay. An de Buchte kann een Delphinen a Pingouinen, am Wanter souguer Walen, nokucken. Papageien, Känguruen a Wallabie sinn och do ze gesinn.

Kiama

Snowy Mountains

Byron Bay ass bekannt fir seng vill Méiglechkeete fir Waassersportaktivitéiten, wéi z. B. Surfen. D'Hannerland besteet gréisstendeels aus Bierger an Dschungel. Zwou bekannt Plage si Main Beach a Watego's Beach

Cape Byron

Dorrigo National Park

Mount Warning

Lake Mungo

Port Macquarie läit beim Hasting River, 420 km nërdlech vu Sydney, an huet 34000 Awunner. Déi kleng Stad gouf 1821 vu brittesche Prisonéier gegrënnt an ass eng vun den eelsten australesche Siidlungen.

Um Spaweck änneren

Commons: New South Wales – Biller, Videoen oder Audiodateien