Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Neutrino (an der Deelerchersphysik symboliséiert mam griichesche Buchstaw ν) ass en elektresch neutralen Elementardeelche mat enger ganz klenger Mass. Am Standardmodell vun der Elementardeelerchersphysik existéieren dräi Neutrinogeneratiounen: Den Elektron-Neutrino, de Myon-Neutrino an den Tau-Neutrino. Si hunn e Spin vun 1/2 a gehéieren zu de Leptonen. Den Numm „Neutrino“ gouf vum Enrico Fermi proposéiert fir den Elektron-Neutrino, dee fir d'éischt entdeckt gouf, a bedeit (no der italieenescher Verklengerunsform -ino) „klengen Neutron“.

Wann Neutrinoe mat Matière zesummestoussen, interagéiere se - anescht wéi déi aner bekannt Elementardeelercher - nieft der Gravitatioun nëmmen iwwer d'Schwaach Wiesselwierkung. E Stroum vun Neutrinoe geet dowéinst bal ouni ofgeschwächt ze ginn duerch grouss Schichtdéckten - z. B. duerch d'Äerd. Deemno ass et schwiereg Neutrinoen experimentell nozeweisen.

Neutrinoe goufen 1930 vum Wolfgang Pauli proposéiert fir de kontinuéierleche Verlaf vum Energiespektrum vum radioaktive Beta-Zerfall z'erklären. D'Conservatioun vun Energie géif bei engem rengen Zwee-Kierper-Zerfall virschreiwen, datt den Elektron eng prezis definéiert Energie misst hunn. Observéiert gouf awer e kontinuéierleche Spektrum. Déi Diskrepanz konnt just mat engem drëtten, bis dohin nach onentdeckten Deelchen erkläert ginn, dem Neutrino.

Neutrinomass änneren

Am Standardmodell vun der Elementardeelerchersphysik hunn déi dräi Neutrinoe keng Mass. Experimentell konnte bis elo och just Limitte fir d'Mass gesat ginn. Den Noweis vun der Mass gouf duerch den Noweis vun der Neutrinooszillatioun (Nobelpräis 2015) bruecht. De geneeë Wäert vun der Neutrinomass huet en Afloss op verschidden Theemen an der Physik a gëtt dowéinst och weiderhin erfuerscht, ënner anerem vum Experiment KATRIN (Karlsruhe Tritium Neutrino Experiment) zu Karlsruhe.

Eng weider Fro bei der Neutrinomass ass déi vun der Massenuerdnung. Och wann aus der Neutrinooszillatioun d'Differenz tëschent de Masse bestëmmt konnt ginn, sou konnt bis elo nach keen Experiment bestëmmen, wéi déi dräi Masseneegenzoustänn par Rapport zu eneen op der Masseskala leien.

Referenzen änneren