Netto kënnt aus dem Italieeneschen an heescht souvill wéi reng, ouni Verpakung, ouni derbäigerechent Käschten, Steieren, asw.

De Contraire vun Netto ass Brutto, d'Differenz tëscht Brutto an Netto gëtt Tara genannt.

En Nettopräis ass deemno e Präis ouni d'TVA oder d'Ëmsazsteier; eng Nettopai ass, wat vun der Pai Rescht ass, wann d'Steieren an d'Redevancë fir d'Sozialversécherung ofgezu sinn.