Netherlands Institute for Space Research

De SRON Netherlands Institute for Space Research, fréier Bezeechnung bis 2004 Stichting Ruimte Onderzoek Nederland ass eng hollännesch Organisatioun fir d'Entwécklung vu wëssenschaftlechen Instrumenter fir den Asaz op Satellitten a Raumsonden zu Zwecker vun der Astronomie an der Äerdobservatioun.

SRON Utrecht

De SRON gouf 1983 gegrënnt an ass en Deel vun der hollännescher Fuerschungsorganisatioun NWO. Et déngt als hollänneschen Zentrum fir d'Weltraumfuerschung a schafft mat internationale Raumfaartorganisatioune wéi z. B.: ESA an NASA zesummen. Déi dräi Sektore sinn:

De SRON féiert Laboratoiren zu Utrecht a Groningen a schafft enk mat dësen Universitéiten zesummen aus deenen och Deeler vun Aktivitéite vum SRON ofstamten. 2007 hat de SRON en totale Budget vun 19,2 Milliounen € an 205 Mataarbechter.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren