Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nessos war an der griichescher Mythologie ee vun den Kentauren. Hie war de Jong vum Ixion an der Nephele. Als ee vu wéinegen huet en de Kampf tëscht de Kentauren an de Laphithen op der Hochzäit vum Kinnek Peirithoos iwwerlieft.

Herkules am Kampf géint de Kentaur Nessos. Sebastiano Ricci (Dekoratioun vum Palazzo Marucelli-Fenzi zu Florenz am Herkulessall)

Hien huet versicht d'Deianeira, déi zweet Fra vum Herakles z'entféieren an ass dowéinst vum Herakles mat engem décke Knëppel erschloe ginn; no enger anerer Iwwerliwwerung huet den Herakles e mat engem Fäil erschoss. Am Stierwen huet den Nessos der Deianeira gerode säi Blutt ze versuergen, fir domat dem Herakles säin Hiem ze dränken. Dat géif hir déi éiweg Léift vum Herakles sécheren. Wéi d'Deianeira awer dat gemaach huet, an dem Herakles dat preparéiert Hiem, dat sougenannten "Nessoshiem", ginn huet, ass den Herakles dorun zugronn gaangen.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Nessus – Biller, Videoen oder Audiodateien