Den Navinchandra Ramgoolam, gebuer den 13. Juli 1947, ass e Politiker vu Mauritius.

Navin Ramgoolam
Gebuer 14. Juli 1947
Port Louis
Nationalitéit Mauritius
Educatioun London School of Economics
Aktivitéit Politiker

Den Navinchandra Ramgoolam ass de Fils vum Sir Seewoosagur Ramgoolam, dem „Papp“ vun der Natioun. Hien huet zu Dublin Medezin studéiert a krut 1977 vum General Medical Council vu Groussbritannien d'Erlabnes fir ze praktizéieren. Duerno huet hien nach e Master am Droit gemaach, mä ni als Affekot geschafft.

Hie war vun 1995 bis 2000 Premierminister a gouf de 5. Juli 2005 als Leader vun der Maurition Labour Party, erëmgewielt.[1]

Bei de Parlamentswale vum Mee 2010 krut d'Regierungskoalitioun genuch Stëmmen, fir an der selwechter Zesummesetzung virunzefueren. Bei de Wale vum 10. Dezember 2014 gouf en net méi erëmgewielt.

Referenzen änneren

  1. Prime Minister of the Republic of Mauritius Archivéiert op 2011-11-02. Gekuckt de(n) 2010-05-09.