Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Navassa ass eng onbewunnt Insel am Karibesche Mier. Si läit op der Streck vun Haiti op Jamaika a gehéiert als Amerikanescht Baussegebitt, dat net incorporéiert ass, zu den USA. Haiti erhieft och Usproch op dës Insel.

Navassa
Geographie
Land USA
Läit an/am Karibescht Mier
Gehéiert zu Grouss Antillen
Koordinaten 18°24'9,7"N, 75°0'45,4"W
Fläch 5,4 km²
Héchste Punkt Dunning Hill (76 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Kleng entleeën Insele vun de Vereenegte Staaten
Demographie
Awunner 0
Awunnerdatum 2018
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−5
Wärung US-Dollar

Geographie änneren

Navassa läit ëm 65 km westlech vun der Tiburon-Hallefinsel vun Haiti an ongeféier 160 km südlech vun der Guantánamo-Bucht op Kuba. Navassa ass, grad wéi d'Insel Henderson am Pazifik, eng sougenannt „erhéicht“ Koralleninsel an huet eng Héicht vu bis zu 77 Meter iwwer dem Mier. D'Insel, mat engem Koralleriff ronderëm, huet eng Fläch vu 5,4 km² mat enger Küstelängt vun 8 km an ass en exotescht Naturschutzgebitt.

Um Spaweck änneren

Commons: Navassa – Biller, Videoen oder Audiodateien