Nauru

Inselstaat am Pazifeschen Ozean


D'Republik Nauru (Ripublik Naoero, Republic of Nauru) ass een Inselstaat am Pazifeschen Ozean. En huet ronn 13.000 Awunner. Nauru ass Member vun der UNO a vum Commonwealth. Nauru huet keng Haaptstad; de Regierungszentrum läit am Bezierk vun der gréisster Stad vum Land, Yaren.

Ripublik Naoero
Republic of Nauru

Fändel vun Nauru

Wope vun Nauru

Detailer

Detailer
National Devise: God's Will First
(Dem Gott säi Wëlle fir d'éischt )
Offiziell Sprooch: Englesch, Nauruesch
Haaptstad: keng offiziell
Staatsform: Republik
 • President: Lionel Aingimea
Fläch: 21,3 km²
Bevëlkerung: 13 528[1]
Onofhängegkeet: 31. Januar 1968
Nationalfeierdag: 31. Januar
Nationalhymn: Nauru Bwiema
Wärung: Australeschen Dollar
Zäitzon: UTC +12
Internet TLD: .nr
Internationalen
Telefonsprefix
:
+674

Geographie änneren

Nauru ass eng Insel déi aus Korallekallek besteet. Si kuckt 65m héich aus dem Mier eraus. D'Land selwer huet just 21,3 km2 wougéint d'Mieresfläch ronn 180.000 km2 huet. Den Ëmfang vun der Insel huet 19 km. Si läit ganz no beim Equator an huet tropescht maritiimt Klima.

Referenzen an Notten änneren

  1. Zuelen aus dem CIA Factbook (2007).
    Bei der leschter Vollekszielung, de 17. Abrëll 1992, goufe 9 919 Leit gezielt (via UNO)

Um Spaweck änneren

Commons: Nauru – Biller, Videoen oder Audiodateien