Nationalen Observatoire TUBITAK

Den Nationalen Observatoire TUBITAK, tierk. TÜBİTAK Ulusal Gözlemevi, engl. TUBITAK National Observatory, ass en Observatoire vun der TUBITAK (Wëssenschaftlech an technesch Associatioun vun der Tierkei). E steet op 2.450 Meter Héicht op dem Dakirli Dağ ongeféier 50 Kilometer südwestlech vun Antalya, an der Tierkei.

Den Observatoire no Sonnenënnergank

Den Observatoire schafft mat engem grousse Spigelteleskop, et ass e "Russescht-Tierkescht-Teleskop" RTT150 mat enger Optik vun 150 cm, souwéi mat zwéi méi klenger mat 45 cm, ROTSEIIID, a 40 cm, T40.

Um Spaweck änneren