Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Nassau-Weilburg ass eng vun de Linne vum Haus Nassau. Si hat hiert Stammschlass zu Weilburg.

Wope vun Nassau zanter dem 12. Jh.
D'Grofschaft Nassau, 1645, vum Joan Blaeu

Vun 1890 un huet d'Haus Nassau-Weilburg d'Herrscher vu Lëtzebuerg gestallt. Bis 1866 war et d'Herrscherhaus am Herzogtum Nassau an Däitschland. Well de Wëllem IV. keng männlech Nokommen hat, ass mat sengem Doud 1912 déi eigentlech Linn vum Haus Nassau-Weilburg erlosch an zënter dem Groussherzog Jean heescht d'Famill Lëtzebuerg-Nassau aus dem Haus Bourbon-Parma an de groussherzogleche Wope gouf deementspriechend geännert.

Numm Regéierzäit Titel
Adolphe 1890-1905 Groussherzog vu Lëtzebuerg
Wëllem IV. 1905-1912 Groussherzog vu Lëtzebuerg
Marie-Adélaïde 1912-1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Charlotte 1919-1964 Groussherzogin vu Lëtzebuerg
Jean 1964-2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg
Henri zanter 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg

Referenzen änneren