Den Narmer war de leschte virgeschichtleche Kinnek (Pharao) vun Egypten. Säin Numm gëtt als stiechende Wels oder Schlagwels gedeit (Verschidde Quelle bezweiwelen dat awer).

D'Pallett vum Narmer (Royal Ontario Museum)

Den Narmer koum aus Ueweregypten an huet dee leschte Widderstand am Nordweste vum Nildelta (Ënneregypten) niddergeworf. Aner Source soen, datt et säin Nofollger Menes war, deen de wierklech allerleschte Widderstand an de Randgebidder vum Nildelta niddergeworf huet a sou Uewer- an Ënneregypte gëeent huet. Op alle Fall huet den Narmer awer schonn seng grouss Victoire op enger Ornamentpallett, déi 1898 zu Hierakonpolis fonnt gouf, duerstelle gelooss.

Mam Narmer geet e stënterleche kulturellen Opschwong duerch d'ganzt Land, an et kënnt kloer zu engem Iwwergang vun der prehistorescher zur eigentlecher egyptescher Konscht.

Dem Werner Kaiser no läit dem Narmer säi Graf zu Abydos, eng Duebelanlag am B-Kierfecht, mat der Nummer 17-18.

Et ass net ganz eendeiteg festzestellen, wien dem Narmer säi Virgänger war, verschidde Source schwätze vum Hor Ka (oder Hor Sechen?), anerer vum Skorpioun II.. Sécher schéngt awer ze sinn, datt ee Bouf vum Kinnek Narmer tatsächlich Mn, d. h. Menes geheescht huet, an ouni Zweiwel mam Hor Aha identesch ass.

Virgänger:
Skorpioun II. oder Hor Ka
Pharaone vun Egypten
? - zirka 3032 v. Chr
Nofollger:
Menes
Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.


Commons: Narmer – Biller, Videoen oder Audiodateien