Den Naoto Kan (jap. 菅 直人, Kan Naoto, gebuer den 10. Oktober 1946 zu Ube, Préfecture Yamaguchi) ass e japanesche Politiker. Hien ass Deputéierten am Shūgiin, der Ënneschter Chamber, a President vun der Demokratescher Partei vu Japan (DPJ).

Naoto Kan
Gebuer 10. Oktober 1946
Nationalitéit Japan
Educatioun Technologeschen Institut vun Tokyo
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, theoreetesche Physiker

Vum 8. Juni 2010 bis de 26. August 2011, wéi hien zeréckgetrueden ass, war hie Premierminister vu Japan.

Virdru war hien ë. a. Finanzminister a Gesondheetsminister.

Um Spaweck änneren

Commons: Naoto Kan – Biller, Videoen oder Audiodateien