Nago-Torbole ass eng italieenesch Gemeng an der autonomer Provënz Trient an der Regioun Trentino-Südtiroul, um nord-ëstlechen Uwänner vum Gardaséi.

Nago-Torbole
Land Italien
Regioun Trentino-Südtiroul
Provënz Trient
Koordinaten 45°52'33"N, 10°53'28"O
Fläch 28,39 km²
Awunner 2.788 (1. Januar 2023)
Héicht 68 m
ISTAT 022124

Duerch d'Gemeng leeft de Floss Sarca, de gréisste Floss deen de Gardaséi fiddert.

D'Gemeng besteet aus den Uertschaften Torbole, Nago an Tempesta.

Well Torbole an engem Wandzoch läit ass et ganz beléift bei Wandsurferen.

Nopeschgemengen änneren

Arco, Riva del Garda, Mori, Molina di Ledro, Brentonico, Malcesine

Geschichtleches änneren

Den 2. September 1796 war do eng decisiv Schluecht vum Napoléon sengem éischten Italienfeldzuch.

Um Spaweck änneren

Commons: Nago-Torbole – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Vue op Torbole an de Floss Sarca