Als Nadir (aus dem Arabeschen: نظير nadhir – Géigendeel) gëtt an der Geometrie an an der Himmelsnavigatioun de Fousspunkt bezeechent dee vis-à-vis vum Zenit läit. Den Nadir läit op der Verlängerung vum Senkel no ënnen a kann als Richtungsangab och fir d'Direktioun Senkel stoen. Den Nadir ass e wichtege Punkt vun der Eenheetskugel fir d'sphäresch Astronomie an d'Trigonometrie.

D'Diagramm weist d'Bezéiungen tëscht Zenit, Nadir an d'Horizonten: Nadir an Zenit si Géigepole.

An der Geodesie an an der Photogrammetrie ginn Héichtewénkelen heiansdo op den Nadir bezunn. Amplaz vun Zenitwénkel oder Zenitdistanz schwätzt een da vun Nadirdistanz.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie