NS 600 ass eng Diesel-elektresch Lokomotiv vun den Nederlandse Spoorwegen, déi fir Rangéierdéngschter gebaut gouf.

NS 677 um Depot vun der Milliounelinn zu Simpelveld

Am Ganze goufen tëscht 1950 an 1957 65 Loke gebaut, a si waren 601 - 665 numeréiert.

23 Stéck dovu goufe spéider op Fernsteierung ëmgebaut, an och nei numeréiert an zwar vu 671 - 693.

D'Nummere 601 - 610 goufe bei Dick, Kerr & Co. zu Preston, a bei Vulcan Foundry zu Newton-le-Willows gebaut. Déi aner koume vun English Electric.

Si gläichen den englesche Lokomotiven aus der British Rail Class 11.

Um Spaweck änneren

Commons: NS Class 600 – Biller, Videoen oder Audiodateien