Den NGC 4622 ass eng Spiralgalaxis déi 111 Millioune Liichtjoer vun eiserÄerd ewech läit. Wéi amerikanesch Astronomen erausfonnt hunn, weisen dem NGC 4622 seng Spiraläerm an d'Dréirichtung, wat am Universum eng Raritéit duerstellt. Normalerweis schleefen d'Galaxien hir Spiraläerm hanner sech hir. An der Galaxis verhält de bannenzegste Spiralaarm sech awer normal. Dat komescht Verhale vum NGC 4622 kéint méiglecherweis duerch eng Kollisioun mat enger anerer Galaxis entstane sinn.

Date vum NGC 4622
NGC 4622 Foto vum Hubble Space Teleskop
Stärebild Centaurus (Cen)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 12h 42m 37,6s
Deklinatioun -40° 44' 39,2"
Ausgesinn
Hubble-Typ SA(r)ab
Visuell Magnitude +12,5 m
Wénkelduerchmiesser 1,7' × 1,6'
Flächenhellegkeet 13,4 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu
Distanz 111 Milliounen Liichtjoer
Routverrécklung +0,01457 ± 0,00013
Heliozentresch radial Relativvitess +4367 ± 39 km/s
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser Liichtjoer
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 4622, PGC 42701, ESO 322-G057, MCG -07-26-031, AM 1239-402, DCL 142, h 3409, GC 3156
Ilustratioun vun de Spiraläerm um NGC 4622

Entdeckung änneren

D'Galaxis NGC 4622 gouf de 5. Juni 1834 vum britteschen Astronom John Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 4622 – Biller, Videoen oder Audiodateien