Den NGC 281 ass een Emissiounsniwwel am Stärebild Cassiopeia, dat 9.500 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. An a ronderëm den NGC 281 ass den oppene Stärekoup IC 1590.

Date vum NGC 281
Emissiounsniwwel NGC 281. Foto, opgeholl vun der Äerd
Stärebild Cassiopeia
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 00h 52m 59,35s
Deklinatioun +56° 37' 18,8"
Ausgesinn
Niwweltyp Emissiounsniwwel
Visuell Magnitude (visuell) +7 m
Wénkelduerchmiesser 35' × 30'
Flächenhellegkeet
Physikalesch Daten
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz 9500 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet
Absolutten Duerchmiesser
Mass
Katalogbezeechnungen
NGC 281, IC 11, LBN 616

Den Niwwel ass am Index-Katalog als IC 11 erfaasst a gëtt ëmgangssproochlech well en der bekannter Pac-Man Videospill-Haaptfigur gläicht, virun allem am engleschsproocheche Raum och als Pac-Man-Niwwel bezeechent. Den hellste Member vum IC 1590, ass d'Méifachstäresystem BD +55° 191 (HD 5005). Et ass eng ioniséierend Quell vum Niwwel. Am Niwwel gëtt et och en ettlech Bok-Globulen, an deene mat Hëllef vun Infraroutfotoen Unzeeche fir Stäregebuerte konnte festgestallt ginn.

Entdeckung änneren

Den Emissiounsniwwel NGC 281 gouf de 16. November 1881 vum amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 281 – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
NGC 281, vergréissert Foto opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop