NGC 2808

Kugelstärekoup am Stärebild Carina

Den NGC 2808 ass e Kugelstärekoup am Stärebild Carina. Den NGC 2808 huet eng Visuell Magnitude vu +6,9 mag an engem Duerchmiesser vun 13,8 Bouminutte. Dëse Koup ass ee vun de wéinegste Kugelstärekéip um Wanterhimmel, ass allerdéngs nëmmen op südleche Breeten ze gesinn. D'Lag vun dësem Kugelstärekoup um Wanterhimmel krut zousätzlech Brisanz duerch d'Entdeckung vun der Canis-Major-Zwerggalaxis am Joer 2003. Genee wéi de Messier 79 an den NGC 1851 schéngt dëse Stärekoup net zoufälleg an dëser Regioun vum Himmel ze leien, déi soss awer aarm un sou Objeten ass. Hie schéngt säin Urspronk net am Mëllechstroossesystem ze hunn, mä gouf zesumme mat der Zwerggalaxis agefangen. De Kugelstärekoup NGC 2808 gouf de 7. Mee 1826 vum schotteschen Astronom James Dunlop entdeckt.[1]

Kugelstärekoup NGC 2808
300px
Stärebild Carina (Car)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 09h12m02.57s
Deklinatioun -64°51'46.2"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +6,9 mag mag
Wénkelduerchmiesser 13.8/13.8
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Mëllechstrooss
Distanz (Lj) zirka 30/k
Routverrécklung 13.8/13.8
Radialvitess (99,7 ± 2,9) km/s
Alter 12,5 Mia
Geschicht
Entdecker James Dunlop
Entdeckungsdatum 7. Mee 1826
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
0911-646
GC 1793
h 3152
NGC 2808
ESO 91-SC1
GCl 13
Dun 265

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. SIMBAD-Datenbank