Den NGC 1818 ass e Kugelstärekoup, dee mat der Grousser Magellanescher Wollek am Stärebild Dorado associéiert ass. Den NGC 1818 huet en Duerchmiesser vun 2,5' an eng visuell Magnitude vu +9,80 mag. Dëse Kugelstärekoup ass warscheinlech eréischt 40 Millioune Joer al, ganz am Géigesaz zu de meeschte Kugelstärekéip vun der Mëllechstrooss, déi dacks iwwer 10 Milliarde Joer al sinn. Hie zielt dofir zu de bloe Kugelstärekéip.

NGC 1818:
een ongewéinlech jonke Kugelstärekoup an der Grousser Magellanescher Wollek.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren