Den NGC 1535 ass den hellste planetareschen Niwwel am Stärebild Eridanus. Den NGC 1535 huet en Duerchmiesser vu 45" an huet eng visuell Magnitude vun 10,5 mag. Den Niwwel ass op d'mannst 1500 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Hie gouf den 1. Februar 1785 vum däitsch-britteschen Astronom Wilhelm Herschel entdeckt.

NGC 1535
Foto, opgeholl mat engem 80 cm-Teleskop
Stärebild Eridanus (Eri)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 14m 15,8s
Deklinatioun - 12° 44' 22,0"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 10,55 mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
11,6 mag
Wénkelduerchmiesser 0,74 × 0,70
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) > 1500 Lj. / > 500 PC
Routverrécklung (−5 ± 7)  10-6
Radialvitess (−1 ± 2)
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 1. Februar 1785
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 12.2
GC 826
h 2618
H 4.26
IRAS 04119-1251
NGC 1535
PK 206-40.1
2MASX J04141578-1244216

Visuell Observatioun änneren

D'Hellegkeet vum NGC 1535 reecht zwar fir eng Observatioun mat engem klengen Teleskop mat zirka 70 mm Ëffnung aus, mä do fënnt een awer nëmmen e schwaacht, stellart Objet. An engem méi groussen Teleskop vun zirka 6" Ëffnung ass den NGC 1535 scho méi opfälleg. Den 12-mag-Zentralstär ass awer selwer mat 10" Ëffnung eppes méi schwéier z'observéieren, eng erfollegräich Observatioun setzt en entspriechend gutt Seeing viraus.

Katalognummere vum Zentralstär änneren

2MASX J04141578-1244216  • IRAS 04119-1251  • CS=12.2

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 1535 – Biller, Videoen oder Audiodateien