Musée des tramways et de bus de la ville de Luxembourg

De Musée des tramways et de bus de la ville de Luxembourg, am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch Tramsmusée genannt, ass e Musée vun der Stad Lëtzebuerg deen zu Hollerech an der rue de Bouillon um Terrain vun de Stater Busbetriber steet. De Musée ass ëffentlech a ka gratis besicht ginn.

Den Tramsmusée ass de 27. Mäerz 1991 opgaangen.

Dora sinn historesch Ween ausgestallt, déi virun 1964 an der Stad gefuer sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fréiere Stater Tram.

Um Spaweck änneren

Commons: Musée des tramways et de bus de la ville de Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien