Musée des arts décoratifs de Paris

De Musée des arts décoratifs zu Paräis ass e Musée, an deem dekorativ Konscht- an Designobjeten ausgestallt sinn. En ass am westleche Flillek vum Louvre ënnerbruecht, deen och Pavillon de Marsan genannt gëtt, an huet 1905 seng Dieren opgemaach.

D'Gallerie vum Musée

D'Austellungsstécker datéiere vum Mëttelalter bis an 21. Joerhonnert. Gewise ginn ënner anerem Miwwelstécker, Dëschgeschier, Biller, Skulpturen, Vasen a Bijouen.

Am Musée ginn och reegelméisseg Ausstellungen iwwer Moud, Publicitéit a Graphesch Konscht gewisen.

Um Spaweck änneren

Commons: Musée des arts décoratifs de Paris – Biller, Videoen oder Audiodateien