De Musée Guimet, mam ganzen Numm Musée national des arts asiatiques - Guimet, ass e Musée am 16. Arrondissement zu Paräis.

De Musée Guimet zu Paräis

E gouf 1889 op Initiativ vum Industriellen Émile Guimet opgeriicht, an ass haut de staatleche Musée fir Konscht aus Asien. E gouf 1960 vun der Jeannine Auboyer reamménagéiert; 1991 koum eng Dépendence bäi, déi Panthéon bouddhique genannt gëtt. Zum Musée gehéiert e klenge japanesche Gaart.

De Musée Guimet huet déi gréisst Sammlung vun asiatesche Konschtobjete baussent Asien.

Literatur änneren

  • Émile Guimet: Huit jours aux Indes in: Le Tour du Monde, Neuauflage, Paris, 2007, Phébus, ISBN 978-2-7529-0251-1

Um Spaweck änneren

Commons: Musée Guimet – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.