Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (I)

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts Iechternach 12. Juni 1966 49° ’ ’’ N
      06° ’ ’’ O
US-Monument op der Gare Iechternach 49° 48’ 58.1’’ N
      06° 25’ 00.4’’ O
US-Gedenkplack André-Duchscher-Strooss Iechternach
20 Stolpersteine 21 rue Maximilien; 15 route de Luxembourg; 24 an 39 rue de la Montagne Iechternach 27. Juni 2019
7 weider Stolpersteine 15, rue Ermesinde, rue du Pont, rue Sainte Irmine Iechternach 11. Juni 2021
Gedenkplack franséisch Aviateuren, 10. Mee 1940 Melickshaff Iechternach
Monument aux morts bei der Kierch Ielwen 1969
Erënnerungsplack 9th Armored Division Iermsdref
Erënnerungsplack un zwéin onbekannt sowjetesch Krichsgefaangen déi vun den Nazien erschoss an op dëser Plaz verschäert goufen um Kierfecht Néngkierchen Ierpeldeng (Bous-Waldbriedemes) 9. Mee 2015 49° 32’ 56.26’’ N
      06° 19’ 48.29’’ O
Monument aux morts:
1940 - 1945
Victimes militaires et civils

+ 14 Nimm
Südmauer vum Kierfecht Ierpeldeng bei Ettelbréck 1964 49° 51’ 47.4’’ N
      06° 07’ 01.9’’ O
Monument aux morts bei der Kierch Izeg 49° 35’ 10.71’’ N
      06° 10’ 19.85’’ O

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.